Sänger van der Héid

 

Foto: Sagramola Viviane

 

 

Am Joer 1977 gouf an der Por Holler e Kannerchouer gegrënt deen du 1982 zu engem Jugendchouer erweidert gouf.

Den 30. Abrëll 1987 gouf de Gesangverein „Sänger van der Héid“ mat 21 aktive Sänger offiziell gegrënt. D’Aufgab, fréier wéi och haut, ass de kirchlichen an de weltliche Gesank ze fördern.

Haut maachen 17 Sängerinnen aktiv am Veräin mat, déi och all Woch Mëttwochs owes un de Prouwen deelhuelen. Fir sie ass et eng grouss Erausfuerderung, d’Radiosmass vun dësem Sonndeg ze gestalten.

Nach e puer Wuert zu der Bréidelter Kapell: Si gouf 1840 gebaut. De Patréiner ass den helligen Alphonsus. Am Klackenturm hänken 2 Klacken, eng ass dem helligen Willibrord

(1947, Ton: sol) an die aaner dem helligen Alphonsus (1995, Ton: mi) geweiht. 1987 gouf d’Kapell fir d’lest restauréert.

 

 

 

Audiodateien:

Heilig, heilig bist du Herr, Traduction: M. Debaisieux


Bleib bei uns, Herr, mit all deiner Gnade

 

Dirigentin: Marie-Paule Johanns Hamer; Organist: Mathy Holweck, 22.08.2010