Société Chorale Sainte-Cécile Weiswampach a.s.b.l.

Weiswampach

Kontaktadress:

Kremer-Landers Carine
route de Beiler 128
L-9991 Weiswampach
Tel/Fax: 979 979


Eisen gemëschte Chouer ass den 18.10.1976 ënnert der Bezeechnung Société Chorale Ste Cécile gegrënnt gin (nôdeems ët seit Ugangs vum 20. Jorhonnert zou Wäiswampech een Männerchouer gouf).
Den 27.01.1979 trëtt eise Verein dem Piusverband béi.
Den 7.07.2006 gët aus eiser Vereenegung eng ASBL, ënnert der Bezeechnung Société Chorale Ste Cécile Weiswampach asbl.

Eise Chouer besteet de Moment aus 27 Sängerinnen a Sänger, déi die verschidden Stëmmen wie folgt besetzen:
6 - Sopran / 7 - Alt / 7 - Tenor / 7 - Bass.
Mier prouwen all zweet Woch, Meindes an Donnesdes vun 20.00 bis 22.00 Auer an der Kirch zou Wäiswampech.
Als Organisten wiesselen sech die 3 Hären Braquet Tom, Schon Jean a Welter Christian of. Eisen Dirigent ass zënter September 1987 den Här Kremer Edmond.
De Comité besteht aus 9 Membren. Präsident: Braquet Jean-Marie / Sekretär: Kremer-Landers Carine / Caissier: Streveler-Ufer Jeanne. Präses vun eisem Verein ass den Här Paschtouer Michel Meyer.

 

 
Audiodateien:

O ma joie, Marcel Dazin


Maria Mater Jesu, J.P. Beicht

 

Dirigent: Edmond Kremer; Organist: Christian Welter, 15.08.2010