Chorale Caecilia Schieren

 
Kontakt

Jos. ZEIMES (President)
1, rue Verte
L-9135 Schieren
Tel: 81 03 74

Josiane SCHOLER (Sekretärin)
151, route de Luxembourg
L-9125 Schieren
Tel : 81 62 81


Zu Schieren hate sech schon 1923 eenzel Gruppen zum Gesangveräin “Liberty” zesummegeschloss. Wéi et Chrëschtdag 1932 zum Sträit an der “Liberty” koum, huet dunn um 23te Januar 1933 d’Gebuertsstonn vun der heiteger Chorale “Caecilia” geschloen.

A sengen Ufangsjoren ass de Veräin bsonnesch opgefall duerch seng schéi kloer a reng Jongestëmmen an duerch véierstëmmege Männerchoral. Am Joer 1971 huet sech d’Emanzipatioun och zu Schieren duerchgesat an éischtmols dierften Dammen dem Chouer bäitrieden. Haut zielt de Veräin ronn 45 Membren: 15 am Sopran, 8 am Alt, 5 am Tenor, 5 am Bass an 12 Kanner. Dirigent vum Veräin ass zënter 2003 den Här Antonio Grosu. Eis Prouwen sinn all Mëttwoch vun 19.00 bis 20.30 Auer. Regelméisseg Aktivitéite vum Veräin sinn: Sämtlech Masse vum lafende Joer sangen, all Joer ee gréissere Concert an eng Radiosmass, op Blasiusdag d’Organisatioun vun der “Klenger Kiermes” mat Iessen a Gesank a soss nach geleeëntlech Optrëtter oder Massen bei Nopeschveräiner. Dirigentin vum Kannerensembel ass d’Ramona Tanase. D’Kannerprouwe si samschdes owes vun 18.00 bis 19.15 Auer. De Kannerensembel huet Optrëtter Chrëschtdag, an de Metten an op verschiddene Feieren, bei bestëmmte Massen (Kommioun, Firmung asw.), op Mammendag an um Schoulfest.

Audiodateien:

O, Herr ich bin nicht würdig, Michael Haydn


Großer Gott wir loben dich

 

Dirigent: Antonio Grosu; Organist: Marc Garson, 10.06.2012