Chorale Caecilia Schieren

 
Kontakt

Jean-Paul MEISCH (President)
82, route de Luxembourg
L-9125 Schieren
Tel: 81 83 24

Monique LEY (Sekretärin)
101, route de Luxembourg
L-9125 Schieren
Tel : 691 437 340


Zu Schieren hate sech schon 1923 eenzel Gruppen zum Gesangveräin “Liberty” zesummegeschloss. Wéi et Chrëschtdag 1932 zum Sträit an der “Liberty” koum, huet dunn um 23te Januar 1933 d’Gebuertsstonn vun der heiteger Chorale “Caecilia” geschloen.

A sengen Ufangsjoren ass de Veräin bsonnesch opgefall duerch seng schéi kloer a reng Jongestëmmen an duerch véierstëmmege Männerchoral. Am Joer 1971 huet sech d’Emanzipatioun och zu Schieren duerchgesat an éischtmols dierften Dammen dem Chouer bäitrieden. Haut zielt de Veräin ronn 32 Membren. Dirigent vum Veräin ass den Här Jean Gehlen. Eis Prouwen sinn all Mëttwoch vun 19.00 bis 20.30 Auer. Regelméisseg Aktivitéite vum Veräin sinn: Sämtlech Masse vum lafende Joer sangen, all Joer ee gréissere Concert an eng Radiosmass, op Blasiusdag d’Organisatioun vun der “Klenger Kiermes” mat Iessen a Gesank a soss nach geleeëntlech Optrëtter oder Massen bei Nopeschveräiner. 

Audiodateien:

O, Herr ich bin nicht würdig, Michael Haydn


Großer Gott wir loben dich

 

Dirigent: Antonio Grosu; Organist: Marc Garson, 10.06.2012