Chorale St. Martin Dudelange

Dudelange

Kontakt

Monique Biren-Kettel (Dirigentin)
Tel.: 661 290 443


Virun 70 Joër huet eise Veräin nach « Chorale des jeunes filles » geheescht, deemools duerfte just onbestuete Fraën an Meedercher an der Chorale sangen. Am Laf vun de Joëren huet dat sech awer geännert, elo sange jong Meedercher an Dammen vun all Alter bei eis an ët dierf een elo natierlech och bestuet sinn.
Eis Haaptaufgab als Chorale besteet doran, fir d’Massen an der Kiirch mat eisem Gesank ze verschéineren an déi geschwate Wierder vun eise Geeschtlechen gesanglech ze ënnersträichen. Mir sangen d’Samschdesowesmass um 19:00 Auer, Requiem’en, Hochzäiten an och bei anere grousse Feieren am Kierchejoër si mir dobäi.

 

Donneschdesowes vun 20:00-22:00 Auer prouwe mir all Woch an eisem Sall am Veräinshaus (ausser an der grousser Vakanz).
All 2-3 Joër hu mir och e Concert um Programm, entweder e Concert Spirituel oder e Concert matt weltleche Melodien. Mir si schon eifreg um Prouwen fir eise Concert dee mir dëst Joër den 9. November am neie Centre Culturel, um Programm stoën hun. Matt dësem besonnesche Concert feiere mir eiser Chorale hire 70sten Anniversaire an den 100sten Anniversaire vun der Stad Diddeléng. Ënnert anerem sange mir do Extrait’en aus dem Film « Les choristes », bekannte Melodien vun Abba, vun den Comedian Harmonists an nach aner flott Stécker.
Mir sinn eng ganz dynamesch Equipe a leeën och ganz vill Wäert op dat gesellegt Beiëneesinn ausserhalb vun eisen Aufgaben als Sänger. Dat maache mir ënnert anerem bei eisem alljähregen Ausflug, bei eiser Agape, wou mir eise Patréiner den Hellege Martinus feieren oder wa mir no der Prouf zesummen e Patt drénke ginn. Eis Dieren stinn op fir jiddereen dee gäeren a richteg séngt. Och wann ee keng Noute liese kann, ass ee bei eis Wëllkomm. Mir freeën eis iwwert all neie Member, dee mir an eiser Chorale ophuele können.

 

 Audiodateien:

Kommt herbei, singt dem Herrn, M.: Volkslieder aus Israel

Zum heiligen Martinus

 

Dirigent: Fanck-Stephany Josiane; Organist: Théato Adrien, 06.11.2005