Chorale Sainte Cécile Ehleng op der Mess

Ehlange-sur-Mess

Den Här Paschtouer Choujean huet am Joer 1942 mat Schoulkanner an e puer Erwuessener vun Ehleng, versicht e klenge Gesank op d’Been ze setzen fir d’Massen ze verschéineren.

No an no huet sech do e Chouer ënnert der Direktioun vum Schoulmeeschter Jean Glesener zesummegesat. Et waren deemols 12 Männer.

An de 70er Joeren ass eng Chorale mixte entstanen, déi awer eréischt 1991 Statuten kritt huet an ënnert dem Numm Chorale Sainte Cécile Ehlange-sur-Mess an der Gemeng ugemellt gin ass. Vun do un ware mir och Member am Piusverband.

Eis Aufgab ass kierchlech a weltlech Feierlechkeeten ze encadréieren, Samschtes a Sonndes an och Feierdeeg Massen ze sangen, mä och Hochzäiten, Begriefnësser a Kannddaf. Mir sangen an de Kirchen zu Reckeng, zu Ehleng, an der Kapell zu Riedgen, an neiderdings, bedingt durch Zesummesetzen vun de Pastoralregiounen, och an de Kirchen zu Betteng an zu Lampech.

Am Joër 1991 hu mir d’Primizfeier vum Paschtouer Maurice Péporté vu Reckeng gefeiert. Am Joer 2006 a bis an d’Joer 2007 huet eise Chouer sei 60ten Gebuertsdag an den 10ten Gebuertsdag vun eiser Schumacher Uergel. De Comité vun den Uergelfrënn vun der Gemeng Reckeng, zesumme mat der Reckenger Kierchefabrik huet am Joer 2006 eng Uergel finanzéiert fir d’Ehlenger Kirch.

Zesummesetzung vun eisem Chouer :

Dirigent : Daniel Lang 
Organist : Paul Lallemand

Zesummesetzung vun eisem Comité :

René Heischbourg, Präsident ; Här Paschtouer Paul Müller, Präses, Lydie Jung-Jungblut, Sekretärin (e-mail : Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein! ), Milly Schmit, Trésorière

 

Audiodateien:

Seigneur tu nous appelles, Text/Mélodie: Raymond Fau


Le pain du ciel, Texte: R. Hillereau/ Musique: F. Moreau

 

Dirigent: Paul Jacqué; Organist: Léon Marx, 22.04.2012