Chorale Sainte-Cécile Tétange

 
D’Chorale Ste. Cécile vun Téiteng gouf 1888 gegrënnt an huet 1988 hieren 100. Geburtsdag gefeiert, si ass also 2018 130 Joer al gin. Zur Zäit (2021) besteet sie aus 19 Sängerinnen a Sänger. Sie kënnt hiere Verpflichtunge mat Freeden no a verschéinert regelmässeg d’Sonndesmassen duerch en ugepasste Gesank.
Desweideren beméiht d’Chorale Téiteng sech, am Rahmen vun de Manifestatioune vum Porverband Kayldall präsent ze sin, souwäit dat méiglech ass.Och bei de Gemengeveranstaltungen dréit sie hieren Deel dozou bäi.Fir den Asatz vun den aktive Memberen ze belouhnen, steet all Joer e flotten Ausfluch um Programm an och den Cäciliendag, Festdag vun der Chorale an hierer Patréinesch gët all Joer gutt gefeiert.
Dirigentin ass d’Madame Alida Marx – De March Organist ass den Här Romain Ludwig. D’Prouwe sin all Freides vun 8 Auer owes bis halwer 10 an der Téitenger Kierch.
Kontaktpersoun vun der Chorale Sainte-Cécile ass den Här Guy Marx (tel 56 60 11).