Chorale Ste. Cécile Mamer

 
Kontakt:

Gaston Roderes, Präsident
54, rue Mameranus L-8249 Mamer
Tel. 31 86 47
E-Mail: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

D’Chorale Ste Cécile Mamer ass am Joer 1883 gegrënnt ginn an huet an der éischter Halschent vum Joer 2008 mat verschiddene Manifestatiounen hir 125jähregt Bestoen gefeiert.

Mat ronn 25 Sänger a Sängerinnen ass d’Mamer Chorale am Moment zwar nach relativ gudd besat, allerdings ass den Altersschnëtt zimmlech héich. Fir d’Zukunft vun der Chorale Mamer ze secheren, mussen op kuerz Siicht nei aktiv Memberen d’Reien opfëllen. Jiddereen, dee Freed um Gesank huet, ass häerzlech wëllkomm. Mir prouwen eemol d’Woch, Donneschdes owes, an der fréierer Gemeng (1. Stack), Place de l’Indépendance. Zu eise regelméissegen Aktivitéiten zielen d’gesanglech Gestaltung vun alle bedeitende Fester vum Kierchejoer, vun Hochzäiten a Läichendingschter. D’Chorale Ste Cécile Mamer , déi säit Ufank 2008 eng Asbl ass, invitéiert och all Joer am Hierscht op eng „Uucht“, d.h. op e gemittlechen Owend mit bekannte Lidder aus dem In- an Ausland, verschiddentlech och op e „Concert Spirituel“ an akzeptéiert gären och – esou wäit de Programm et erlabt – Invitatiounen vun anere Choralen, fir e Concert oder eng Sonndesmass.

 

 

Audiodateien:

Chantez, priez, célébrez le Seigneur, Hubert Bourel

Nous avons vu les pas de notre Dieu, M. Scouarnec/ J. Akepsimas

 

Dirigent: James Chapman; Organist: Guy Lucas, 21.03.2004