Chorale Sainte-Cécile Mamer 2023

 
Kontakt:

Madame Camilla Freymann
4, rue Pierre Krier-Becker L-8238 Mamer
Tel. 621 781 822
E-Mail: camillaf@ Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

D’Chorale Sainte Cécile Mamer a.s.b.l. ass den eelste Veräin an der Gemeng Mamer an zielt 35 aktiv Memberen. Dräi Generatioune si bei eis vertrueden (vu 15 Joer un), fir donneschdes owes mat vill Freed zesummen ze sangen an ze prouwen.

 

Eis Dirigentin, d’Sylvie Serra-Jacobs schafft sech mat eis duerch e ganz diverse Repertoire vu Klassik iwwert Chanson bis Pop a Musical duerch, dee bei follgenden ëffentlechen a privaten Aktivitéiten presentéiert gëtt : 

  • Festdeeg vum Kierchejoer : Chrëschtdag, Ouschteren, Kommunioun
  • Nationalfeierdag an nationale Commemoratiounsdag
  • Open Air Mass, Hochzäiten, Gottesdéngschter a Begriefnesmassen
  • Weltlech Concerten: Uucht am Hierscht, Fréijoers- a Summerconcerten am Fräien resp. am Kinneksbond an am Schlass

 D’Chorale gëtt vum Pianist Cosimo Colaci begleet.

 Natierlech si mir frou fir Iech op eise nächste Concerten ze begréissen.

 Mir géifen eis frééen, wann sech stemmbegaabte Leit entschléisse wéilten dem Chouer bäizetrieden.

Geprouft gëtt donneschdes owes vun 20 bis 22 Auer, (ausser an der Vakanz) an der fréierer Gemeng (r.d.ch.), Place de l’Indépendance zu Mamer.

Contact. www.choralemamer.lu

Oder : Freymann Camilla  GSM 621 781 822

 

Audiodateien:

Chantez, priez, célébrez le Seigneur, Hubert Bourel

Nous avons vu les pas de notre Dieu, M. Scouarnec/ J. Akepsimas

 

Dirigentin: Sylvie Serra-Jacobs; Organist: den Ament keen Titulaire (2021)