Chorale Ste Cécile Iewerleng

Everlingen

 

Chronik:

Dëst Joer feiert den Iewerlénger Gesank säi 50. Gebuurtsdag. An dësem Jubiläumsjoer steet eise Gesank nach relatif jonk do, sou läit den Durchschnëtsalter vun de Memberen bei ronn

50 Joer. Iewerléng mat 350 Awunner, als zweet gréisste Sektioun vun der Gemeng Useldéng, Par Iewerléng/Schandel, haat ee Gesangveräin deen bis 1960 inoffiziell bestaanen huet.

Zënter dat déi Iewerlénger Kierch an der heiteger Form besteet (1769), hu Männer aus dem Duerf déi Spass um Gesank haaten, d’Mass gesongen. Eréischt ab dem 28. November 1960 gouf de Veräin durch Statuten vun der Gemeng offiziell unerkannt. De 19. Juli 1973 as de Veräin dem Pius-Verband beigetratt. Den 11.05.1975 sinn souwuel déi restauréiert Kierch wéi och eng nei Uergel feierlech ageweiht ginn.

Am Laaf vum Joer 1983 goufen 9 Jugendlecher nei an de Veräin opgehol, a vun deem Dag un fonktionnéiert de Gesank als gemëschte Chouer. Eise Veräin zielt haut 17 aktiv Mëmberen, 10 Dammen an 7 Männer.

De Präsident an Dirigent as de Fernand Even, an op der Uergel begleet de Carlo Philippe.

Eis Haaptaktivitéiten bestinn aus der gesanglecher Gestaltung vun de Sonndes-, Feierdags-, Houchzäits-, a Begriefnismassen zu Iewerléng an zu Schandel. Och gët all puer Joer eng Mass auswäerts gesongen, meeschtens verbonnen mat engem Dagesausflug. Fir dës Programmen anzeprouwen hu mir emol d’Woch eng Prouf. Am Prinzip sange mir all Samschden eng Virowendmass zu Iewerléng an all 2ten Sonnden eng Fréimass zu Schandel déi vun eisem Paschtouer dem Här Mathieu Janssen zelebréiert gët.

Even Fernand

 

Audiodateien:

Gelobt sei Jesus Christus, Laudate Dominum 152


Wer unterm Schutz, K.: Michael Wehe/ T.: Psalm 91

 

Dirigent: Fernand Even; Organist: Carlo Philippe, 13.03.2011