De Gesank Keespelt-Meespelt

 

 

D’Chorale setzt sech zesummen aus den zwee Dierfer Keespelt a Meespelt, gouf gegrënnt am Joer 1875, an ass deemno ee vun

den eelste Veräiner an der Gemeng Kielen. De Gesank ass gegrënnt ginn an der Héichzäit vun der kathoulescher Kierch an eise

Géigenden.

Awer an der laanger Zäit säit senger Grënnung huet och eise Gesank, genee esou wéi vill aner Klibb a Veräiner, schon Héichten an

Déiften duerchgemaach. Hu virun en etlech Rei Joeren nach bis zu 25 Sängerinnen an Sänger an der Chorale matgewierkt esou ass

haut nach just d’halschent déi all Woch an de Prouwen um Dill ass.

Mä déi Memberen déi haut aktif am Veräin matmaachen a regelméisseg all Woch un de Prouwen deelhuelen sinn alleguer immens

motivéiert a setzen sech staark fir hiere Veräin, an esou och fir d’Erhale vun der Traditioun vun dem Kierchegesank an.

 

Zënter e puer Joer gëtt awer net nëmmen méi Kierchemusek an eisem Veräin grouss geschriwwen. Eis Chorale huet et fir néideg a

wichteg emfonnt, fir eng Ouverture zu der weltlecher Musek ze maachen an huet och schon an där Fonktioun e puer flott Concertë

opgefouert.

De Gesank Keespelt-Meespelt setzt sech zesummen aus 10 Dammen a 4 Hären an Direktioun vun Kouer läit zënter 2007 an der

Hand vun eisem Organist Pol Wio.

 

E puer Detailer zu der Keespelter Kierch an der Uergel

 

D’Uergel ass eng Muller-Reifferscheid aus dem Joer 1905.

Si gouf awer, duerch den Asaz vum Uergelbauveräin Keespelt-Meespelt an de Joeren 1997-98 ganz opwändeg vun der Firma

Westenfelder vu Lëntgen an Zesummenaarbecht mam Carlo Hommel restauréiert.