Chorale "Sang mat Waldbëlleg- Haler"

 

 

D’Chorale “Sang Mat Waldbëlleg-Haler“ geet aus zwee lokale Gesangveräiner ervir.

Hei e kuerzen Historique vun deenen zwee fusionéierte Veräiner: D’Grënnungsjoer

vun der “Chorale Ste Cécile Waldbillig” geet op d’Joer 1889 zeréck. De Veräin war

ursprénglech e Männerchouer bis en 1971 zu engem gemëschte Chouer ginn ass, wëll

et un aktivem Zouwuess gefeelt huet. Dem “Sang Mat Haler“ seng Wuerzelen ginn op de

Kannerchouer „Effata” zeréck, deen am Joer 1981 gegrënnt ginn ass. Doraus ass am Joer

1991 de “Sang Mat Haler” entstanen.

 

An enger ausseruerdentlecher Generalversammlung vum 17. Oktober 2003 ass d’Fusioun

vun deenen zwee bestehende Veräiner der “Chorale Ste Cécile Walbillig” an dem “Sang

Mat Haler” offiziell ginn. Déi zwou Chorallen hu schonns zënter 1998 zesumme gesongen

well et a béiden un aktive Sängerinnen a Sänger gefeelt huet. De “Sang Mat Waldbëlleg-

Haler“ setzt sech zur Aufgab, fréier wéi och haut, Massen ze verschéineren, déi si souwuel

an der Parkierch vu Waldbëlleg, wéi och an der Filialkierch vun Haler sangen. Do dernieft

hëlt de Veräin u weltlechen Manifestatiounen deel. D‘Chorale steet vun Ufank un ënnert

der Leedung vum Claude Schmit, deen et versteet mat vill Enthusiasmus a Kompetenz e

bemierkenswerte Niveau ze halen.

 

Fir déi 11 Sängerinnen an 9 Sänger ass et eng grouss Erausfuerderung d’Radiosmass vun

dësem Sonndeg ze gestalten. Duerch dës Mass versichen si d’chrëschtlech Präsenz an der

Welt vun den aktuelle Medien ze verstäerken, a sou mënschlech Gefiller musikalesch zum

Ausdrock ze bréngen.

 

Nach e puer Wuert zur Filialkierch vun Haler: Si ass dem hl. Jousef geweiht a gouf am

Joer 1920 gebaut an d’Joer drop konsekréiert. Opfalend ass d’Molerei, vun de Gebridder

Neumann vu Beefort am Chouerraum, déi, déi 4 Evangelisten duerstellt. Bedauernswäert

ass, dass wäertvoll Molereien vum bekannte lëtzebuergesche Kierchemoler Nikolaus

Brücher, déi ënnert anerem de Chouerbou verschéinert haten am Joer 1974 iwwerstrach

goufen.