Chorale St- Cécile Miersch

 

 

Laut « livret fédéral » vun der UGDA ass d’Grënnungsjoer vun der Chorale, d’Joer 1863.

Ursprünglech war et eng reng « Männerchorale ». Am Joer 1957 sin mir eng gemeschten Chorale gin. Mir sin affiliéiert bei der UGDA an beim Pius-verband.

 D’Chorale besteet momentan aus 24 aktiven Memberen (14 Dammen an 10 Hären).

Eis Aktivitéiten leien haaptsächlech am kierchlechen, mée och am weltlechen Bereich.

Mat Freed ginn mir allen kierchlechen Fester déi richteg Nout mat eisem stemmegen Gesank. Nieft den normalen Massen, stinn mir och fir Begriefnesmassen an Hochzäiten zur Verfügung. Mir sinn och bei allen Geléenhéten op kommunaler Basis dobai, TE DEUM, Journée commémorative, etc…). Och Concerten, « spirituell oder weltlech », stinn op eisem Programm.

 Am Joer 2021 stinn mir ënnert der Direktioun vum Här Daniel Mujzer.

 Nei Memberen sinn bei eis emmer häerzlech wëllkomm.