Rëmelenger Kiirchenchouër

 

 

Concert spirituel vum 27. Juni 2010 zou Rëmeleng an der Kiirch

De Gros vun de Sänger a Sängerinnen gouf deemols och vun deenen 3 Kiirchechéier aus dem Käldall gestallt

 

D’Chorale Ste. Cécile vu Rëmeleng ass de Rëmelenger Kiirchechouër. E gouf

am Joër 1860 vum Paschtouër Jean-Pierre Scholtes gegrënnt an huet also eng laang

Traditioun.

 

Zënter 150 Joër huet d‘Chorale eng wichteg Roll am kiirchlechen a kulturelle

Liewen vun der Stadt Rëmeleng. Haut ass d’Chorale Ste. Cécile deen eelsten Verain vu

Rëmeleng an dofiir ass 2010 och e besonnescht Festjoër.

 

Bis 1965 waaren baal nëmme Männer am Kiirchechouer, mee vu do un sin och

méi Fraën derbäi koum. Haut besteet de Chouer aus 20 Sänger a Sängerinnen, deenen

hiir Aufgab ët ass, all kiirchlech Fester a Massen duerch de Gesank ze verschéineren.

 

An dësem Zesummenhang besteet och eng gudd Zesummenuarbecht matt

deenen zwéin aaneren Kiirchechéier aus dem Käldall, d.h. Kayl an Téiteng. Dofir gët

d’Radiosmass och vun dësen dräi Choralen zesummen gesongen.

 

Fir de Kiirchechouër och nach weider ze vergréisseren, geet en Appel un all déi

Leit déi sech fir de Kiirchegesank interesséieren. D’Prouwen sin Méindes um 20 h 00

an der Poarkiirch.

 

D’Chorale Ste. Cécile steet ënnert der Direktioun vun hiirer Dirigentin, der Lisa Mertzig an hiren Organist ass den Alessandro Urbano.