Chorale Sainte-Cécile Clemency

 

 

Wann de Gesang zu Kéinzig och schonns eng laang Traditioun huet, da krut en dach eréischt den 2. Dezember 1966 mat der Grennung vun der Chorale Ste Cécile, deemols e Männerchouer, en offizielle Kader. De Chouer gouf enner dem deemolege Paschtouer an och éischte President Henri Treff gegrennt.

Am Joer 1980, ennert der Féierung vum Dirigent André Delvaux, gouf aus dem Männerchouer e gemeschte Chouer. Déi 15 Sänger kruten Ennerstetzung vun 20 Dammen. Haut zielt de Veräin 16 aktiv Sänger.

No der Demissioun vun hirem langjährigen Dirigent André Delvaux (vun 1980 bis 1983 a vun 1989 bis 2010) huet hiren Organist Laurent Peters déi Tache och nach iwwerholl.

Niewend de kiirchlichen Feieren gin och weltlich Concert’en gesongen. Esou zum Beispiel e Sonndeg den 21.November fir d’Cecilienfeier. 

President as de Marc Wolff, Keessiere d’Vera Haas-Gelejinsky a Sekretär de Claude Wolff. Dirigent an Organist ass de Romain Kandel