Chorale Sainte-Cécile Steinsel

 

 

 

No de Chreschtmetten vun 2007 iwerhëlt eis Chorale erem eng Kéier Gestaltung vun der Radiosmass, direkt no Neijoschdag, also den 2. Januar 2011. Op Wonsch vun den zoustännegen Autoritéiten get des Mass eng éischte Kéier vun Heeschdref, Filial vun der Par Steesel, iwerdroen. Des Kierch huet viru kuerzem hieren “Centenaire” gefeiert an ass dem hellegen Andreas geweiht.

D’Chorale Ste-Cécile Steesel-Melleref besteet schons zanter 1864 an ass a bleift, hoffentlech nach lang, den eelste Veraïn aus eiser Gemeng. An deem Senn fräe mir eis op all nei Sängerin a Sänger déi eis aktiv ennerstetzen wellen. Zueleméiβeg si mer de Moment zu 22, méi Dammen ewéi Hären, zesummen mat eisem Organist an Dirigent, den Här Jean Schmit an dem Här Paschtouer vun eiser Par, den Här Georges Hoffmann.

Kontaktpersoun ass eise President (Gaston Theisen, Tel.: 33 02 72)