Biisser Kannergesank

 

De Biisser Kannergesank an de Jugendgrupp bestinn aktuell aus 36 Kanner a 14 Jugendlechen tëschend 6 an 19 Joer.

Si sangen d’Radiosmass lo schon déi néngte Kéier, dovunner siwe mol op Kannermissounssonndeg.

Niewent enger Rei klengen a groussen Optrëtter spillen d’Kanner all Joer am Fréijoer ee grousse Kannermusical.

Dës Owender ginn zesummen mam Jugendgrupp organiséiert, déi sech ëmmer vill Méi ginn fir een eegene musikalesche Projet zu engem bestëmmten Thema zesummen ze setzen.

Dëst Joer spille mir den 18. an 19. Mee am Festsall vum Veräinshaus zu Biissen. Als Ofschloss vum Joer fueren d’Kanner all Joer an der Päischtvakanz e puer Deeg op d’Blesch Küst, wou si no engem

aarbéchtsräiche Joer zesumme spillen, bastelen, sangen a vill Spaass hunn.