Choralen vu Reisduerf, Bettendorf a Mierschent

 

Et sin dräi Chéier déi dest Jar ënnert der Leedung vun hirem gemeinsamen Dirigent Gilbert Kohn d’Ouschtermass sangen.

Di Reisduerfer Chorale Sainte-Cécile gouf am Jar 1945 als Männerchouer gegrëndt an 1972 als gemëschte Chouer emgestallt. De Veräin besteet haut aus eelef Dammen a fönnef Männer an zënter dem Jar 2000 get zesumme mat der Chorale vu Bettenduerf geprouwt an d‘Feierdeegsmasse gesongen. Di Bettenduerfer Chorale gouf am Jar 1899 gegrëndt an zielt acht Dammen an dräi Männer.

Bäi béide Gesangveräiner ass de Paul Wagner Organist. Di Mierschenter Chorale St. Hubert mat hirem Organist Paul Hardt gouf 1980 als gemëschte Chouer gegrëndt a besteet aus zweeanzwanzig Sängerinnen a Sänger.