Chorallen vu Bech-Biwer-Hemstel

 

 

Am Laaf vun de Joeren hunn eis Chorallen nët méi deen néidigen Nowues kritt, fir bestoën ze kënnen. D’Chéier hunn sech missten eppes afaale loossen, fir weider ze existéieren, an duerfir sinn sougenannten Zesummenaarbechten vu Chéier entstaan.

Bech an Hemstel hu schons zënter laangem hir Aktivitéiten zesummengeluegt; well deeselwechte Paschtouer déi zwou Uertschafte betreit, gouf et och kee Problem mat den Terminer. Mee och d'Gemeinschaft "Bech an Hemstel" blouf net verschount. Et si keng nei Memberen komm, et sinn der souguer nach manner ginn.

Wéi 2004 de Jos Stutz Dirigent vu Bech-Hemstel ginn ass, huet sech eng Gemeinschaft mat Biwer opgemaacht. Haut si mir eng Sängergemeinschaft, déi sech zesummesetzt aus de Chorallen Bech, Biwer an Hemstel.

Aus der Nout gouf eng Dugend gemaach! Mir hunn eis ënnerenee kannt, an esou si mir zesummegewues.

Den 9. Oktober 2004 hu mir fir d'éischt zesummen an der Willibrordus-Oktav zu Iechternach d'Pilgermass vum Dekanat Gréiwemaacher gesongen (Bech, Hemstel a Biwer gehéieren zum Dekanat Grevenmaacher). Mir hun dat selwicht den 29. Abrëll 2005 an der Kathedral gemaach, dës Kéier war ët d'Oktavmass an der Stad vum Dekanat Grevenmacher.

Sou war de Grondsteen fir eng Zesummenaarbecht geluecht.

Dat huet eis esou gutt gefall, dass mir praktesch zënterhir eis Prouwen zesummen haalen an dann selbstverständlech och zesumme sangen. Un éischter Plaaz stinn d'Massen op de Feierdeeg, déi jeweils an der Becher Gemeng, mee och zu Biwer gesonge gin. Eise Wierkungskrees ass dementsprechend grouss: vu Bech iwwer Hemstel, d'Schanz, Heeschbreg, Rippëg an Zëtteg op Biwer, an och zu Wecker triede mir op.

Och fir Hochzäiten si mir gären am Asaatz. A wann eis Gemengen eis ruffen, fir bei weltliche Fester derbäii ze sinn, da si mir selbstverständlich do. – Mir hunn am Joër sou duerchschnëttlich 15-20 gréisser Optrëtter, och Concertën bei eis an auswärts.

Zur Zeit sange mir zu 28 Sängerinnen a Sänger (9 am Sopran, 7 am Alt, 6 am Tenor an 6 am Bass). Eis Memberen kommen nët nëmmen vu Bech, Biwer Hemstel a Wecker – neen, et kommen der aus der Stad, vu Miersch, aus dem Raum Dikrich, Waasserbëllig asw.; am ganzen komme mir aus 15 verschiddenen Uertschaften aus der Géigend.

Dirigent ass zënter 2004 de Jos Stutz vu Bech, Uspriechpartner sinn d'Tessy Hau vun Hemstel, de René Post vu Bech, d'Eliane Freichel oder de Marcel Weis vun Biwer.