Chorale vu Stengefort an Hoen-Klengbetten

 

1872 gouf Stengefort offiziell zur Par erhuewen. Et sollt awer bis 1963 daueren, bis op Initiativ vum deemolege Paschtouer Victor Heinen, d'Chorale Ste Cécile Stengefort als gemëschte Chouer gegrënnt gouf. Bis dohin hu sech ëmmer erëm Kanner, Dammen an Hären zesummefonnt, fir d'Sonndesgottesdéngschter ze préparéieren a fir d'Feierdeeg mat hirem 4-stëmmege Gesank ze verschéineren.

Déi Hoen-Klengbettener Chorale gouf 1913 als Männerchouer an d´Liewe geruff an eréischt 1965 gouf doraus e gemëschte Chouer.

Wéi all Veräin sinn déi 2 Choralen an deene bal 50 resp 100 Joer duerch Héichten an Déifte gaangen. Mee ëmmer erëm hunn engagéiert, kompetent an onermiddlech Presidenten, Dirigenten an Organisten a déi frëndschaftlech Bezéiunge vun de Sängerinnen a Sänger d Chéier op d'Bee bruecht.

Haaptaufgab vun den 2 Chéier ass d'Verschéinerung vun de Gottesdéngschter an d'Kultivéierung vun der Kierchemusek. Éischter niewebäi ginn och weltlech Lidder gesong fir d'Gesellegkeet ze förderen.

Déi 1.gréisser Aktivitéit, dien déi 2 Chéier zesummen haten, war d´Opnahm vun der CD „Ave Maria“ mat letzebuerger Kompositiounen, duerno d´Participatioun um Concert „Africa in Concert“ vun de Péckvillercher.

Am November 2010 dunn, hunn déi 2 Chéier décidéiert d´Zesummenaarbecht ze intensivéieren an d´Prouwen zesummen ze halen. Si prouwen elo eemol an der Woch ënnert der Leedung vum Josée-Anne Mangen a vum Camille Houllard. Si géifen all déi, déi Freed um Sangen hunn, invitéieren sech hinnen unzeschléissen, jidfereen ass wëllkomm.