Chorale Ste Cécile Tuntange

 

Aus der Ufankszäit vum Téintener Gesank ass leider kee Schrëftstéck méi do. Verschidden Duerfleit mengen awer, de Veräin hätt scho virun 1920 bestanen.

Spéitstens am Joer 1937 gëtt et en offizielle Gesangveräin – wéi nämlech den neie Fändel de 4. Juni 1950 ageweit gouf, war drop ze liesen:

<< Chorale Ste Cécile Tuntange fondée 1937-1950>>

Wann och zäitweis bis zu 20 Sängerinnen a Sänger am Veräin waren, sou ass et haut nach eng kleng Equipe vun 10 Memberen, déi nach mat Läif a Séil derbäi sinn, fir mat hirem Gesank zur Verschéinerung vun de Massen bäizedroen.

(Nei Sängerinnen a Sänger sinn natierlech häerzlech wëllkomm)

Duerfir si mir frou, am 75. Julibläumsjoer vun eiser Chorale, eng Radiosmass duerfen ze sangen, ënnert der Leedung vum Marie-Thérèse Kieffer an dem Organist Fernand Kieffer.