Chorale Sainte-Cécile Tuntange

 

Aus der Ufankszäit vum Téintener Gesank ass leider kee Schrëftstéck méi do. Verschidden Duerfleit mengen awer, de Veräin hätt scho virun 1920 bestanen.

Spéitstens am Joer 1937 gëtt et en offizielle Gesangveräin – wéi nämlech den neie Fändel de 4. Juni 1950 ageweit gouf, war drop ze liesen:

<< Chorale Ste Cécile Tuntange fondée 1937-1950>>

Wann och zäitweis bis zu 20 Sängerinnen a Sänger am Veräin waren, sou ass et haut nach eng kleng Equipe vu 6 Memberen, déi nach mat Läif a Séil derbäi sinn, fir mat hirem Gesank zur Verschéinerung vun de Massen bäizedroen.

Nei Sängerinnen a Sänger sinn natierlech jidderzäit ganz häerzlech wëllkomm.

D'Chorale steet ënnert der Leedung vum Marie-Thérèse Kieffer an op der Uergel begleed eisen Organist Fernand Kieffer.