Entente de Chorales vun Esch/Uelzecht

 

 

D’ Päischtmass gëtt dëse Sonnden, de 27. Mee 2012 vun der Entente des Chorales vun Esch/ Uelzecht gesongen.

Dës Chorale besteet aus den Escher Sängerfrënn, de Choralen Ste. Cécile vun Esch/Grenz, Esch/Lalléng an Esch/St. Jousef, an aus der portugisescher Missioun vun Esch/Grenz.

Déi 40 Sänger a Sängerinnen hu sech vir d’éischte Kéier bei der Uergel Weih op Esch/Grenz am September 2011 zesumme gedoen. Si stinn ënnert der Leedung vun der Madame Simone Neumann-Geimer a gi vum Här Jos Thill op der Uergel begleet.