Chorale réunie d'hommes

 

D’Chorales réunies besteet aus dëse sechs Männerchéier : Société de Chant CAECILIA Merl- Belair, Männerchouer Ste Cécile Neiduerf-Weimeschhaff, Chorale Cessange, Chorale Albert

Bousser, dem fréiere Männerchouer 1989 an der Société Chorale Alzingen. Well et ëmmer méi schwéier gouf fir Männer ze fannen, déi sech an engem Chouer engagéiere wollten, hu si sech no an no zesummegedoen, fir weider als Männerchouer kënnen ze sangen.

Am Moment sinn et eng 45 Männer, déi an der Haaptsach weltlech Concerte sangen. Esou gouf vrun e puer Joer ee flotten CD mam Titel « Rendez- vous mam Dicks » opgeholl. Bei Geleeënheet sange si och an deene verschiddene Kierchen, esou zum Beispill fir d’Kiermes zu Alzéng. Um Repertoire steet seit e puer Joer och dem Théodore Decker säi bedeitenst Wierk "La Vie de Jésus-Christ", arrangéiert fir Solisten, Uergel a Männerchouer vum Patrick Colombo. Si freeë sech drop als Chorales réunies, ënnert der Direktioun vun der Madame Josée Faltz-Wilmes, jidderzäit nei Memberen dierfen ze begréissen.